Wat bedeit Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand ?

  • De Begrëff Ombudsmann kënnt aus dem Schwedeschen a bedeit "Mediateur".
  • Den Omubds-Comité fir d'Rechter vum Kand (ORK) ass duerch e Gesetz vum 25 Juli 2002 enstannen. D’Memberen gi vum Grand-Duc ernannt a maachen hir Aufgaben neutral an onofhängeg.
  • Si sollen oppassen datt d’ „Convention Internationale des Droits de l’Enfant“, déi den 20.11.1989 zu New York ënnerschriwwen an den 20.12.1993 vu Lëtzebuerg ratifizéiert gouf,  ugewannt gëtt.

Wee kann den Ombudsmann fir d’Rechter vum Kand kontaktéieren ?

  • All Kand an all Jugendlechen ënner 18 Joer, deenen hir Rechter net respektéiert goufen. Si kënnen sech fräi äusseren an hir Meenung soen. Si kënne per Bréif, E-Mail oder Telefon Kontakt ophuele fir e Rendez-vous ze kréien.
  • D’Elteren oder déi Responsabel vun engem Mannerjäregen, deem seng Rechter verletzt goufen.
  •  Associatiounen an Institutiounen, déi sech ëm Kanner këmmeren an eng Verletzung vun de Kannerrechter melle wëllen.
  • Den Ombuds-Comité kann sech selwer aschalten, wann d’Kannerrechtskonventioun net richteg ugewannt gouf.

Wéi kann een den Ombudsmann fir d’Rechter vum Kand kontaktéieren ?

  • Et kann ee sech direkt un de President wenden. Hee schafft op Rendez-vous.
  • De Service vum ORK ass fir näischt. De Präsident an all d’Memberen sinn un d’Schweigepflicht gebonnen. D’Kanner solle wëssen, datt keen ouni hiert Averständnes gewuer gëtt wat si dem Ombudsmann verzielen, ausser si sinn a Gefor a musse geschützt ginn.
  • De President kann an Noutfäll selwer agräifen. Hie kann dofir Kontakt mat aneren Organisatiounen ophuelen an an eeschte Fäll sech un d’Geriicht wenden.

ORK Kontakt

2, rue Fort Wallis
L-2714 Luxembourg
Tel: 26 123 124

Kontakt

 
Go to top