All Kanner op der Welt hunn déi selwecht Rechter, déi den 20ten  November 1989 zu New-York an der internationaler Kannerrechtskonventioun festgehale goufen. Hei fannt dir eng vereinfacht Versioun fir d’Kanner an d’Erwuessener, déi sech schnell eng Idée vun de verschiddene Rechter an der Konventioun maache wëllen.

 

Artikel 1

Déi international Kannerrechtskonvention schützt jidder Kand a Jugendlechen ënner 18 Joer.

Artikel 2

Du hues déi selwecht Rechter wéi all déi aner Kanner, och d’Recht gleich behandelt ze gin, egal wou’s du liefs, ob’s du e Jong oder e Meedchen, aarm oder räich, ob du eng Behënnerung hues oder nët, egal wéi eng Sprooch datt’s du schwätz, egal wéi enger Relioun, Kultur oder Natioun datt’s du ugehéiers.

Artikel 3

All privat an ëffentlech Institutioun, Geriicht a Verwaltung musse bei hiren Entscheedungen däi Bescht wëllen an duerchsetzen.

Artikel 4

De Staat muss all déi néideg Moossnahmen ergräifen fir deng Rechter ze verwirklechen.

Artikel 5

Deng Famill ass verantwortlech fir dir ze hëllefen deng Rechter ze verstoen an auszeüben, an ze suergen, dass deng Rechter respektéiert ginn.

Artikel 6

Du hues e Recht ze liewen.

Artikel 7

Du gess bei der Gebuerts an e Register agedroen an hues d’Recht op e Numm an eng Nationalitéit. Du hues d’Recht, wa méiglech, deng Elteren ze kennen a vun hinne versuergt ze ginn.

Artikel 8

Du hues e Recht op eng Identitéit, eng Nationalitéit, e Numm an op dein familiärt Emfeld. Kee Mënsch kann dir se ewech huelen. Wann dat net de Fall ass, verhëlleft dir de Staat zu dengem Recht.

Artikel 9

Du hues e Recht bei béiden Elteren ze liewen, ausser et wier net an dengem Interesse, well du hues d’Recht an enger Famill ze liewen, déi fir dech suergt. Egal wéi oder wou dass du liefs, hues du e Recht drop deng Elteren ze gesin.

Artikel 10

Wann deng Famill net zesummen am selwechten Land lieft, hues du d’Recht zwëschen de Länner ze reesen fir mat hinnen allebéid regelméisseg Kontakt ze hunn oder als Famill zesummen ze fannen.

Artikel 11

Kee Mënsch däerf dech illegal aus dengem Land deplacéieren oder dech vun dengem Land ewechhalen.

Artikel 12

Du hues d’Recht a jiddwer Situation, och an enger administrativer oder geriichtlecher Pozedur, déi dech betrëfft, selwer oder duerch een anere gehéiert an eescht geholl ze gin.

Artikel 13

Du hues d’Recht dech z’informéieren an deng Meenung mëndlech, schrëftlech oder kënschtleresch auszedrécken a mat aneren ze deelen, soulaang dëst anerer net blesséiert oder ze beleidegt.

Artikel 14

Du hues d’Recht deng Religioun, däi Glawen an deng Iwwerzeegung auszedrécken, soulaangs du aner Menschen net verhënners hier eege Rechter ze genéissen. Deng Eltere mussen dir bei dengen Entscheedungen bäistoen an hëllefen.

Artikel 15

Du hues e Recht deng Frënn erauszesich, dech aneren unzeschléissen a Gruppen ze bilden, mee du däerfs domat kee schiedegen.

Artikel 16

Du hues e Recht op eng Intimitéit an op Schutz vun dengem private Liewen.

Artikel 17

Du hues e Recht op verlässleg an verständlech Informatiounen aus verschiddenen Medienquellen. De Radio, d‘Tëlee, d’Zeitungen, d’Bicher, de Computer si wichteg fir dech ze informéieren an esou aner Kulture kennen ze léieren an och international Erfahrungen austausche ze kënnen.

Artikel 18

Du hues e Recht vun dengen béiden Elteren erzunn ze ginn, wann et méiglech ass. Deng Elteren hun zesummen d’Responsabilitéit dein Bescht ze suergen. De Staat muss virgesin datt deenen Elteren, déi schaffen, adaptéiert Servicer ugebueden gin fir d’Kanner a beschte Konditiounen ze versuergen.

Artikel 19

Du hues d’Recht virun all Form vu psychescher, physescher a moralescher Gewalt, Mësshandlung oder Vernoléissegung efficace geschützt ze ginn.

Artikel 20

Du hues d’Recht speziell a Schutz geholl ze ginn a gehollef ze kréien, wanns du net bei dengen Eltere liewen kanns. Deng Relioun, Traditiounen a Sprooch musse weiderhin respektéiert ginn.

Artikel 21

Du hues déi selwecht Rechter wei all déi aner Kanner, och wanns du adoptéiert bass oder bei anere Leit liefs, sief et an dengem Land oder an engem aneren Land.

Artikel 22

Du hues d’Recht op spezielle Schutz wanns du e Flüchtling bass. Wanns du eleng bass, gëtt no dengen Eltere gesicht an alles an d’Wee geleet fir deng Famill erëm zesummenzeféieren.

Artikel 23

Wanns du eng kierperlech oder geeschteg Behënnerung hues, hues du e Recht esou selbstänneg wéi méiglech ze liewen, fir dass du um alldeegleche Liewen iwwerall deelhuelen kanns. Du hues d’Recht op all medezinesch Hëllef an eng optimal Betreiung an Integratioun an d’Gesellschaft.

Artikel 24

Vu Gerbuert un hues du d’Recht op all medizinesch Hëllef, fléissend Drénkwaasser, vollwäerteg Liewensmëttel, an op enger propper an sécher Ëmwelt. Du hues d'Recht iwwert alles informéiert ze ginn, wat denger Gesondheet schuet.

Artikel 25

Wanns du net doheem liefs, mee an engem Heem oder an enger Pfleegefamill bass, hues du e Recht op spezielle Schutz an eng gutt Betreiung. D'Bedingungen vun dengem Placement ausserhalb der Famill musse regelméisseg iwwerpréift ginn.

Artikel 26

Du hues Recht op sozial Leeschtungen, déi dir hëllefen dech ze entwéckelen an ënnert gudden Bedingungen op ze wuessen. Den Staat muss Famillen mat finanziellen Problemer zousätzlech Suen zur Verfügung stellen.

Artikel 27

Du hues Recht op en adaptéierten Liewensstandard fir dech kierperlech, moralesch an sozial entwéckelen ze kënnen. De Staatmuss dengen Elteren Hëllef ubidden, wann si selwer net genuch Mëttelen hunn fir dat ze erméiglechen.

Artikel 28

Du hues e Recht op Bildung. De Staat muss all Kand eng Ausbildung oder en Studium ofhängeg vu sengen Kapazitéiten erméiglechen.

Artikel 29

D’Schoul muss der d‘Méiglechkeet ginn deng Perséinlechkeet an deng Fäegkeeten ze entwéckelen. Si muss der hëllefen dech op d'Liewen virzebereeden an dech ze léieren wéi een d’Ëmwelt schützt a wéi ee seng Matmënsche respektéiert.

Artikel 30

Du hues d’Recht deng Kultur, deng Sprooch an deng Religioun ze wielen an auszeliewen.

Artikel 31

Du hues d’Recht op Erhuelung, Fräizäit a Spill.

Artikel 32

Du hues d’Recht virun Ausbeutung a Kanneraarbecht geschützt ze ginn, déi denger kierperlecher a geeschtlecher Gesondheet schued.

Artikel 33

Du hues d’Recht géint den Drogekonsum an -handel geschützt ze ginn.

Artikel 34

Du hues d’Recht géint sexuelle Mëssbrauch geschützt ze ginn.

Artikel 35

Et däerf keen dech entféieren, kafen oder verkafen.

Artikel 36

Du hues d'Recht virun all Handlung geschützt ze ginn, déi denger Entwécklung oder dengem Wuelfannen schuet.

Artikel 37

Keen däerf dech grausam bestrofen, folteren oder mësshandelen.

Artikel 38

Du hues Recht am Fridden ze liewen, och wanns du do liefs wou Krich ass. Et däerf keen dech forcéiere Gewalt unzewenden oder un engem Krich deelzehuelen.

Artikel 39

Wanns du blesséiert, vernoléissegt oder mësshandelt gi bass, hues du d'Recht op all Hëllef fir dech kierperlech a geeschtlech erëm ze erhuelen an deng Plaatz an der Gesellschaft erëm ze fannen.

Artikel 40

Du hues d’Recht op rechtlech Ënnerstëtzung an op eng fair Behandlung wanns du viru Geriicht kënns.

Artikel 41

Wann d'lëtzebuerger Gesetzer dech besser beschützen wéi d'Kannerrechtskonventioun, da mussen dës Gesetzer ugewannt ginn.

Artikel 42

Du hues d’Recht iwwer deng Rechter opgeklärt ze ginn. Déi Erwuesse sollen se och kennen an dir hëllefen se ze verstoen.

Artikel 43 bis 54

Dës Artikelen aus der Kannerrechtskonventioun erklären wéi dei eenzel Länner an déi international Organisatiounen dofir suergen dass d'Kannerrechter am beschten respektéiert ginn.

Dëst Dokument huet keen offizielle Charakter. Den integralen Text vun der Konventioun kann ee beim ORK kréien oder op www.ork.lu

 

ORK Kontakt

2, rue Fort Wallis
L-2714 Luxembourg
Tel: 26 123 124

Kontakt

 
Go to top