All d’Kanner op der Welt hu Rechter. Déi sin and Internationaler Kannerrechts Conventioun niddergeschriwwen.
Dës Kannerrechter stinn all de Kanner zou, ouni Diskriminéierung, also dir, denge Klassekameroden, denge Frënn, de Kanner aus der Noperschaft de Kanner aus anere Länner, brief, all de Kanner op der ganzer Welt!
Et bezeechent als Kand all Persoun déi ënner 18 Joer al ass, siff et e Bébé, e Primärschoulkand oder ee Jugendlechen aus dem Lycée.
Dës Rechter dengen dozou d’Kanner ze beschützen a mussen agehale gi vun all de Staaten déi d’International Kannerrechtskonventioun ënnerschriwwen hunn a razifizéiert hun.
Zur Zäit, hunn bal all d’Staaten déi Kannerrechtskonventioun ënnerschriwwen an nëmmen zwee Staaten hunn se net ratifizéiert : Somalia an d’Vereenegt Staaten vun Amerika.
D’Regierung vu Somalia wollt d’Kannerrechtskonventioun den 20ten Januar 2015 ratifizéieren, mee de Projet ass duerch aner Problemer ënnergaang.
Déi Vereenegt Staaten vun Amerika konnten d’Kannerrechtskonventioun net ratifizéieren, wëll e puer Bundesstaaten vun de Vereenegte Staaten d’Doudesstrof vu Kanner ausféieren.
Kuerz gefaasst, d’Kannerrechtskonventioun seet dass du wéi all aner Kand behandelt solls gi, dass du d’Recht hues ze liewen an ouni Gewalt opwuessen, dass deng Meenung aussoen dierfs, dat mer dir nolauschtert an dat all d’Entscheedungen déi dech betreffen an dengem Interesse geholl ginn.
Du kanns hei eng vereinfacht Versioun vun de Kannerrechter fannen.
Wann s du méi iwwert d'Kannerrechter wëlls wëssen, kanns du hei verschidde Links zu Websäiten iwwert Kannerrechter offannen.

Copyright 2013 ORK Ombuds-Comité fir d'Rechter vum Kand