?

Meng Eltere liese regelméisseg meng Post, duerchwulle mäin Zëmmer an kontrolléiere mäin Handy. Si respektéiere meng Privatsphär net a soe mir, datt si d’Recht hunn fir meng Post, meng SMS’en a mäin Telefon ze kontrolléieren. Ass dat wierklech wouer?

Nee, deng Eltere leie falsch. Den Artikel 16 aus der Kannerrechtskonventioun seet däitlech, dass all Kand e Recht op Privatsphär huet. Jiddweree muss dorobber Rücksicht huelen, also och deng Elteren. Si hunn net d’Recht däin Handy ze kontrolléieren oder deng Post op ze maachen, ouni däin Averständnes. Dëst Recht ass allerdéngs och beschränkt wann et ëm d’Recht op Bildung oder de Schutz vum Kand geet. D’Eltere si gesetzlech dozou verflicht hiert Kand ze schützen, et ze erzéien an op ze passen datt et keng Dommheete mécht. Et muss een also e Kompromëss fannen.

 

OKaJu - Kontakt

2, rue Fort Wallis
L-2714 Luxembourg
Tel: 26 123 124

contact[at]ork.lu

 
Go to top