D’Empfeelunge vum ORK aus dem Bericht vun 2013

Déi folgend Empfeelunge si vum ORK am Bericht vun 2013 un d’Regierung an un d’Parlament verëffentlecht ginn. Si entspriechen deelweis der Meenung vum ORK, anerersäits goufen si duerch d’Froe vun eenzelne Persounen oder Besichtegungen inspiréiert. Dës Empfeelunge riichten sech u verschidde Ministeren, Autoritéiten an un d’Gesellschaft.

 

Justizminister

Schutz vun der Jugend

De Gesetzesentworf 5351, 2004 era gereecht a bis 2011 suspendéiert, deen e Virschlag fir d’Ännerung vum geännerten Gesetz vum 10. August 1992 fir den Schutz vun der Jugend gëtt, huet nach ëmmer net zu engem neien Text gefouert. Et ass dringend noutwendeg fir an deem Beräich Gesetzer ze maachen.

Den ORK empfielt an esou Fäll d’Méiglechkeet fir de Riichter fir eenzel iwwer d’elterlecht Suergerecht ze decidéieren. Et kéint een vir gesinn datt d’Suergerecht zesummen vun Elteren an Institutiounen ausgeübt gëtt. Den ORK wennt sech un d’Politik fir Alternativen ze fannen.

An dësem Zesummenhang empfielt den ORK kloer Gesetzer, fir op déi Kanner opmierksam ze maachen, deenen hiert Recht op Fräiheet verletzt gëtt, fir esou d’Kanner besser ze schützen.

 

Haislech Gewalt

Dat neit Gesetz vum 30. Juli 2013 iwwer d’haislech Gewalt erkennt Kanner déi Zeien vun haislecher Gewalt sinn nach ëmmer net als Opfer un. Et gëtt just indirekt ugeholl datt dës Kanner och Opfer vu moralescher a psychologescher Gewalt sinn.

 

Biller vu sexuellem Mëssbrauch

Den ORK empfielt dem Gesetzgeber iwwert eng Léisung zu de pornografesche Fotoe vu Kanner am Internet no ze denken. Och wann dës Biller net ënnert d’Definitioun vu Pornographie am Code pénal falen, kann een déi als Kannermëssbrauch bezeechnen.

 

Familljeriichter

Den ORK empfielt eng Reform a Vereinfachung vun de rechtleche Prozedure fir d’Kanner, an deems een zum Beispill, wéi a Frankräich, e Familljeriichter, dee fir d’Bestietnis spezialiséiert ass, den Optrag gëtt fir och d’Bezéiung tëscht Elteren a Kanner ze regelen.

 

Verstümmele vu Geschlechtsorganer

Den ORK empfielt d’Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren a freet de Justizminister de Gesetzessystem ze stäerken.

 

Gezielt Schulung vun Affekote fir Kanner

Den ORK empfielt dem Justizminister, noutfalls zesumme mam Barreau a mat der Uni Lëtzebuerg, eng gezielte Schulung fir d’Verteidegung vu Kanner ze garantéieren. Am Prinzip sollt all Affekot, dee viru Geriicht geet fir e Kand ze verteidegen, dat Kand virdrunner eemol gesinn a befrot hunn.

 

D’Parlament

Onofhängegkeet vum ORK

Den ORK freet dat neit Parlament d’Neifaassung vum Gesetz vum 25. Juli 2002 iwwert den Ombuds-Comité fir d’Rechter vum Kand esou séier wéi méiglech fäerdeg ze maachen. Dat géing bewierken datt d’Empfeelunge vun den „Observations finales“ vum drëtten a véierte kombinéierte Bericht vu Lëtzebuerg ze erfëllen, déi vum „Comité des droits des enfants des Nations Unies“ a senger 64. Sëtzung ugeholl goufen (16. September bis 4. Oktober 2013).

 

D’Rechter vun de Kanner an der Konstitutioun

Nom leschten Entworf fir d’Reform vun der Konstitutioun kéint ee mengen datt d’Interesse vun de Kanner sech intern op d’Famillje bezéien. D’Interesse vun de Kanner ginn allerdéngs méi weit a mussen iwwer d’Familljerecht gestallt ginn.

D’Integréiere vun de Kannerrechter an d’Konstitutioun huet eng konkret Bedeitung. Et ass wichteg dat an der Konstitutioun ze ënnersträiche fir et positiv op déi Persounen, déi responsabel fir d’Wuelbefanne vu de Kanner sinn, wierken ze loossen.

Den ORK empfielt den Text nom „Intérêt supérieur“ vum Kand ze riichten: „All Kand huet d’Recht seng Perséinlechkeet ze entwéckelen, op Erzéiung ouni Gewalt an e besonnesche Schutz géint Mësshandlung, Fahrlessegkeet an Ausbeutung. De Staat respektéiert, schützt an ënnerstëtzt d’Rechter vun de Kanner a passt op datt hir Liewensqualitéit och hiren Interessen entsprécht.“

 

Responsabilitéit vun den Elteren

Den ORK empfielt dem Gesetzgeber de Code civil konform mat der Konstitutioun ze maachen, an deem hien den Entworf 5867 iwwert d’Responsabilitéit vun den Elteren unhëlt an op d’Avis’e vum ORK an de Berichter vun 2010 an 2012 Rücksicht hëlt. Den ORK betount och nach eng Kéier Noutwendegkeet vu Gesetzer am Beräich vun der Scheedung.

 

Ofstamung

Den ORK empfielt dem Gesetzgeber op säi Bericht vun 2013 iwwert de Gesetzesentworf 6568 fir d’Reform vun der Ofstamung Rücksicht ze huelen. Den ORK schätzt datt d’Gesetzer sech un der Entwécklung vun der Gesellschaft inspiréieren, do wou d’Famill nieft dem traditionelle Schema eng wichteg Roll spillt.

D’Empfeelunge fir de Gesetzesentworf kann ee résuméieren:

·      D’kënstlech Befruchtung misst fir all Koppel méiglech sinn, egal op heterosexuell, homosexuell, bestuet, gepacst oder net.

·      D’Anonymitéit vun der biologescher Ofstamung vun de Kanner, déi duerch eng kënstlech Befruchtung oder anonym gebuer ginn, sollt ofgeschaf ginn. Dëst misst ee reegelen ouni déi betreffend Persounen, esou d’Elteren an d’Kanner, ze verletzen. D’Dossiere missten no klore Gesetzer duerch eng eenzeg Instanz gereegelt ginn.

·      All Kand huet d’Recht op eng Identitéit, dat selwecht gëllt fir Kanner, déi duerch eng „Leihmutterschaft“ gebuer ginn. Den ORK kann net zouloossen datt d’Konstitutioun fir ongülteg erklärt gëtt an dat wéinst dem Prinzip „Betrug macht alles zunichte“.

Problematik wéinst dem Acte civil vum Kand: E Kand huet e Recht fir d’Identitéit vu senge biologeschen Eltere gewuer ze ginn vun deem Moment un wou d’Elteren dat fräiwälleg uginn. Dat wat d’Elteren uginn, kann awer géint de Kompetenzeberäich vum Standesbeamten goen, dee sech da weigert d’Pabeiere vun den Elteren unzehuelen. Den ORK empfielt dem Justizminister, zesumme mam Inneminister, eng gemeinsam a gerecht Politik ze entwéckelen, déi d’Interesse vun de Kanner och besser berücksichtegt.

 

Aussenminister, Justizminister a Familljenminister

D’Kontroll vun der Immigratioun an d’Rechter vun de Kanner

Den ORK empfielt datt d’Kontroll vun der Immigratioun ni däerf iwwer d’Kannerrechtskonventioun gestallt ginn. Déi Mannerjäreg ouni Droit de Séjour gehéiere leider zu lëtzebuergescher Realitéit an et ass d’Aufgab vun der Gesellschaft sech ëm si ze këmmeren; zemools well déi meeschte Mannerjäreger näischt fir hir Situatioun kënnen.

Den ORK weist dorop hin datt d’Behandele vun dëse Mannerjäregen sech op 3 Niveauen ofspillt:

·      D’Migratioun vun de Mannerjärege gëtt oft mat deier vun den Eltere verwiesselt.

·      D’Opfer vu Kannerhandel.

·      Déi Mannerjäreg déi keng Demande fir Asylschutz maachen.

Dës dräi Approche sinn net vollstänneg, oder net ubruecht wann een un déi betraffe Kanner denkt. D’Migratioun vu Mannerjäregen ass e komplext a multidimensionalt Thema. D’Prozedur fir déi lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréie sollt vereinfacht ginn.

 

De „Kafala“

De „Kafala“ gehéiert zum islameschen Recht. Den ORK erwähnt datt den CIDE als Schutzmoossnam vum Kand op de „Kafala“ zeréck gräifen kéint an een et dann och esou ugesinn soll.

Den ORK empfielt fir Gesetzer ze maachen an dësem Beräich a sech um belschen Recht ze inspiréieren.

 

„Rom“ Kanner

„Rom“ Kanner, déi an der Stad heeschen, gehéieren leider och zur lëtzebuergescher Realitéit. Den ORK freet d’Politiker an d’Gesellschaft sech méi ëm des Problemer ze këmmeren. Et muss een Alternativen fannen fir datt déi Leit och en mënschewierdegt Liewen ouni heeschen féieren kënnen.

 

Justizminister an Inneminister (Zesummenaarbecht tëschent der Police an dem Parquet)

D’Police an d’Kand

Den ORK freet d’Direktioun vun der Police u Folgendes ze erënneren:

·      Ee Mannerjärege kann alleng eng Plainte maachen ouni vu sengem Responsabel begleed ze ginn.

·      Ee Mannerjärege kann net alleng ouni säi Responsabel als Zeien aussoen.

 

D’Agräife vun der Police

Den ORK freet de Gesetzgeber d’Prozedur vum Agräife vun der Police am Beräich  vun de Kanner ze iwwerdenken. D’Agräife vun der Police, an Uniform oder an Zivil, ass eng Form vun institutioneller Mësshandlung, déi d’Kanner onnéideg traumatiséiert.

 

Kannerhandel

Wéinst engem Fall vu Kannerhandel zu Lëtzebuerg empfielt den ORK dem Parquet, der Police, der „Direction de l’Immigration“ an all aner Autoritéit, déi agräife kéint, fir eng gemeinsam Prozedur an eng besser Zesummenaarbecht ze fannen, déi d’Kanner besser schützt.

 

Erzéiungsminister, Familljeminister

Schoulreform

Ouni iwwert eng nei Schoulreform ze verhandelen, empfielt den ORK de Schoulsystem un déi réel Gesellschaft un ze passen. D’Alphabetiséierung vun de Kanner an enger Sprooch, am Däitschen, genausou wéi d’Léieren vum Däitschen a Franséischen an der gläicher Klass, ass réel, well et den Echec vu ville Schüler bedeit.

 

De temporären / definitive Renvoi

Den temporären oder definitive Renvoi vu Schüler schéngt déi normal Praxis ginn ze sinn an deene meeschte Lycée’en. Den ORK freet scho säit Joere fir de temporäre Renvoi duerch Moossnahmen ze ersetzen, déi e pädagogesche Sënn hunn. Wat den definitive Renvoi ugeet, ass den ORK der Meenung datt een nimools de Ruff vun der Schoul sollt iwwer d’Problemer vun de Jugendleche stelle soll. Ee Jugendlechen, dee Problemer mécht, ass oft ee Jugendlechen, deen eigentlech Hëllef brauch. An deem s een esou ee Jugendleche vu Schoul zu Schoul schéckt, hëlleft een him net bei senge Problemer an och net der Disziplin an déier Schoul.

 

An der Spillschoul gëtt et nemme „spillen“

Den ORK freet d’Elteren, d’Léierpersonal an d’Educateuren aus der Spillschoul opzepassen datt d’Spillschoul hier spilleresch Aart a Weis behält an d’Léiermethoden net déi selwecht an der Primärschoul wéi an der Spillschoul sinn.

 

Kanner mat besonnesche Bedürfnisser

Den ORK empfielt d’Zuel vun de Mataarbechter ze erhéijen, fir Kanner mat besonnesche Bedürfnisser oder déi u schlëmme Verhalensstéierunge leiden besser mat an d’Primärschoul oder de Lycée abannen ze kennen. An dësem Beräich empfielt den ORK och speziell Organisatiounen (therapeutesch Internater) ze grënnen, déi esou Kanner besser ophuelen. Et sollt ee vermeiden, datt esou Kanner, déi aus der normaler Schoul ausgewise ginn an auslännesch Schoule musse goen.

 

Accueilsklassen sënnvoll benotzen, de „classes d’état“

Den Zweck vun dëse Klassen ass net fir d’Migrante vun deenen aneren ze trennen, mee fir si besser op hier Integratioun fir ze bereeden. Déi staatlech Klasse bidden de Kanner Opnahmcoursen an Ënnerstëtzung un, déi si an hierer Situatioun brauchen.

 

Transsexuell an intersexuell Kanner

Den ORK empfielt de „Complément commun au Rapport du groupe RADELUX sur les Droits des enfants trans’ et des enfants intersexe“ ze liesen. Et hëlleft déi verschidden Aspekter vun de betraffene Kanner a Jugendleche besser ze verstoen, mee et hëlleft och allen Organisatiounen an Institutiounen, déi mat de betraffene Kanner schaffen.

Als direkt Léisung schléit den ORK fir fir datt et an de Schoulen Uspriechpartner ginn, déi déi betraffe Schüler begleeden, awer och fir aner Mataarbechter ze beroden, déi duerch hier Onerfahrenheet Kanner verletze kéinten.

 

Den Accueil vu Jugendlechen an ambulanten Hëllefsservicer

Den ORK rifft den „Office national de l’Enfance“ an d’Hëllefs – a Betreiungsservicer, op ze passen, datt den Accueil vu Jugendleche mat Problemer net ze onperséinlech a bürokratesch ofleeft. Fir engem Jugendlechen ze hëllefen, brauch een net onbedéngt e Formular iwwer 3 Säiten, et brauch een och keng Ënnerschrëft vun den Elteren.

 

Gesondheetsminister

De „Centre de diagnostic national de maltraitance“

Den ORK verlaangt d’Institutionaliséiere vu medizinesche Servicer fir den Accueil vu mësshandelte Kanner, dem „Centre diagnostic national de la maltraitance“, deen an der Pädiatrie am CHL ass.

 

Commerce

SMS PREMIUM

Den ORK freet d’Ubidder vun Telefonsabonnementer, ee Minimum vun Informatiounen iwwert d’Risiken, déi esou Abonnementer, wéi zum Beispill SMS Premium hunn, ze ginn. Den ORK freet nach datt d’Ubidder Systemer entwéckelen, déi de Clienten (den Elteren) erlaben ze deier Telefonsnummeren ze blockéieren. Dëst ass technesch gesi scho méiglech.

 

Altersgrenze fir Spiller a Videoen

Den ORK huet héieren, datt verschidde Geschäfter Spiller mat enger Altersgrenz (z.B. Call of Duty – Ghosts) esou ubidden, datt och Kanner mat 8 oder 12 Joer se huele kenne fir ze spillen ouni datt ee Mataarbechter agräift. Fir d’Feierdeeg freet den ORK déi Responsabel vun de Geschäfter fir Spiller a Filmer mat enger Altersgrenz vun iwwer 18 Joer net an de Regaler auszestellen, déi fir Kanner fir gesi sinn.

 

Elteren

Nei Medienformen: eng gemeinsam Responsabilitéit vun Elteren a Schoul

Wéinst Zeienaussoen aus deene leschte Joere warnt den ORK d’Elteren hier Responsabilitéit ze iwwerhuelen an op d’Internetverbindunge vun hire Kanner op ze passen. Den ORK ënnerstëtzt verschidden Initiativen, wéi BEE SECURE oder CASES a schléit fir dës an de Mediencours ze integréieren, mat deem een esou fréi wéi méiglech ufänke sollt.

 

OKaJu - Kontakt

2, rue Fort Wallis
L-2714 Luxembourg
Tel: 26 123 124

contact[at]ork.lu

 
Go to top